ACCOUNT

Dateschutz beim Sammele vun Ënnerschrëfte fir e Referendum

Aktuell ginn an de Gemengen Ënnerschrëfte gesammelt vu Bierger, déi d’Demande fir d’Duerchféierung vun engem Referendum iwwert d’Gesetz iwwert déi rezent Verfassungsreform ënnerstëtze wëllen.

Detailer iwwert d’Organisatioun vun der Ënnerschrëftesammlung goufen de Gemengen iwwert d’Circulaire N°4055 matgedeelt an d’Ënnerschrëfte ginn op Lëschte gesammelt, déi de Staatsministère un d’Gemenge verdeelt huet. Well heibäi net virgesinn ass, dass fir all Ënnerschrëft een neit Blat geholl gëtt, ass et jidderengem, deen ënnerschreift, méiglech ze gesinn, wie virdru schonn ënnerschriwwen huet.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass d’Regierung der Meenung, dass d’Ënnerschrëften op der Gemengen aktuell dateschutzkonform gesammelt ginn?

  2. Wéi goufen d’Gemengen doriwwer informéiert, wéi si d’Ënnerschrëftesammlung dateschutzkonform duerchféiere kéinten?

  3. Gëtt et iwwert d’Circulaire N°4055 eraus eng eenheetlech Richtlinn, déi d’Regierung erausginn huet an un déi d’Gemengen sech hale mussen, fir eng transparent an dateschutzkonform Prozedur beim Sammele vun der Ënnerschrëfte fir de Referendum ze garantéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5277

Zesummenhang posts

An der Äntwert op eng virrecht parlamentaresch Fro (n°7226) huet den Aarbechtsminister erkläert, dass Persounen an enger Aarbechtsmesure bei der ADEM (OTI, CAE, CIE,
Es heißt nicht umsonst, dass Gewalt viele Gesichter hat, denn es gibt unterschiedliche Arten von Gewalt und unterschiedliche Opfer von Gewalt, auch in Beziehungen.