Dateschutz am Kader vu Videokonferenzen op der Aarbecht

Säit dem Ufank vun der Covid-19 Pandemie hunn eng Rëtsch Betriber an Employéeën hier Gewunnechte missten änneren. Den Télétravail ass eng Norm ginn. Konsequenterweis ginn doduerch méi Reuniounen a Konferenzen iwwer Video gehalen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Brauch een en Accord fir Auszich (Biller, Téin, Ausschnëtter, …) kennen ze späicheren? Falls jo, wéi gëtt dat reguléiert?

  2. Goufen d’Patronen an d’Employéeën ëm hir Rechter a Fliichten ëm den Dateschutz informéiert?

  3. Ass d’Kommunizéiere per Videokonferenz am Kader vun der Aarbecht dateschutzkonform? Gouf d’CNPD domadder beopdrot, een Avis zu der Dateschutzkonformitéit vum Télétravail auszeschaffen? Falls nee, wäert d’Regierung dëst maachen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2322

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt