Datesammelung vun Tesla

D’ZDF-Format Frontal huet viru kuerzem eng Reportage iwwert d’Datesammlung vum amerikaneschen Autoshiersteller Tesla verëffentlecht. Am Reportage genannt “Datenkrake Tesla. Das Auto als Spion” gëtt erkläert, dass den Auto an engem konkrete Fall en accidentéierte Chauffeur a seng Bäifuererin beim Eraklammen an den Auto gefilmt, d’Notzung vu Gas a Brems wärend der Faart gespäichert a souguer d’Pompjeeën, déi nom Accident um Auto geschafft hunn, gefilmt huet. All dës Date goufen op der Festplatt vum Auto gespäichert an un d’Servere vum Hiersteller iwwermëttelt. D’Police konnt nom Accident op des Daten zréck gräifen. “Der Tesla hat sozusagen seinen eigenen Fahrer verpfiffen“, heescht et am Reportage vun der Staatsanwaltschaft Berlin.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. D’Police Grand-Ducale besëtzt 2 Elektroautoe vum amerikaneschen Hiersteller.  Gesäit d’Regierung an dëser Aart vun Datesammlung ee Sécherheetsrisiko fir d’Policeaarbecht?

  2. Laut der Äntwert op d’Fro n°4227 huet och ee Regierungsmember een 100%-Elektroauto. Handelt et sech bei dësem och ëm een Tesla? Falls jo, gesäit d’Regierung an dëser Aart vun Datesammlung ee Sécherheetsrisiko fir de betraffene Minister/déi betraffe Ministesch? Gesäit d’Regierung an deem Fall d’Vertraulechkeet vun den Aktivitéite vun der Regierung geschützt?

  3. Wéi steet d’Regierung dozou, dass och d’Hëllefer (Rettungsdéngschter, Pompjeeën, Passanten,…) nom Accident op Video opgezeechent goufen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4912

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene