Datenaustausch tëscht STATEC an OECD

An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro Nummer 6 huet de Minister geäntwert, dass de STATEC a “verschiddene spezifesche Fäll” en “Data Handling Agreement” mat der OECD ofschléisst. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. A wéi enge Fäll gëtt en Data Handling Agreement gemaach?

  2. Wéi oft gouf schonns en Data Handling Agreement vum STATEC gemaach?

  3. Wat enthält dësen Agreement vu Fuederungen?

  4. D’Gesetz vum 10te Juli 2011 iwwert d’Organisatioun vum l’Institut national de la statistique et des études économiques hält net fest, wéini a wéi esou een “Data Handling Agreement” gemaach ka ginn. Op wéi enger gesetzlecher Basis ginn dës Accorde gemaach?

  5. Goufe schonns Daten, déi net no de primären a secondaire Reegele vun der Confidentialitéit ugepasst goufen, iwwermëttelt, wann en Data Handling Agreement virlouch?
    Falls jo, wéi oft?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 64

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen