Dateleck bei Volkswagen

Wéi déi däitsch Press beriicht, gouf et beim däitschen Autokonzern Volkswagen ee gréissert Dateleck, wouvun eng 800.000 Autoen betraff waren. 

D’Donnéeën, déi ëffentlech siichtbar waren, konnte genotzt ginn, fir präzis Beweegungsprofiler vun den Automobilnotzer z’erstellen.
VW verséchert, dass keng Réckschlëss op d’Identitéit vun de Persoune konnt gemaach ginn an informéiert, dass d’Dateleck mëttlerweil behuewe gouf. Géifen d’Autoshiersteller dës Donnéeën net esou massiv sammelen a méi op Spuersamkeet beim Erhiewe vun Donnéeë setzen, kéint een esou Fäll och verhënneren. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn och Autoen zu Lëtzebuerg vun dësem Dateleck betraff gewiescht?

  2. Wéini a wéi gouf d’CNPD iwwert dëst Dateleck Fall informéiert?

  3. Steht d’Regierung dem Sammelen vun Fuererdaten oppen géigeniwwer? 

  4. Wäert d’Regierung sech zu Lëtzebuerg oder op europäeschem Niveau dofir asetzen, dass an Zukunft manner Donnéeën iwwert d’Konsummenten erhuewe ginn?
    Falls jo, wat ass geplangt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1713

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen