Dataspace4Health

D’Obesitéit ass eng ëmmer méi grouss Erausfuerderung fir eis Gesellschaft a steet a staarker Verbindung mat anere Krankheeten, wéi zum Beispill Diabetes. Am Mäerz 2024 gouf zu Lëtzebuerg de Projet Dataspace4Health lancéiert, deen sech als Zil gesat huet, den Austausch vu Gesondheetsdaten sécher a konform ze gestalten. Dëse Projet konzentréiert sech ënner anerem op Diabetes als ee vun de Schwéierpunkten. Gläichzäiteg hunn de Rot vun der Europäescher Unioun an d’Europäescht Parlament am Mäerz 2024 eng provisoresch Eenegung iwwer eng Veruerdnung fir en European Health Data Space (EHDS) fonnt.

An dësem Kontext ass et wichteg ze verstoen, wéi dës Initiativen zesummespillen an d’Gesondheetsversuergung zu Lëtzebuerg beaflossen, besonnesch a Beräicher wéi Obesitéit a Diabetes. Dobäi stellen sech Froen iwwer d’Sammlung, d’Späicherung an d’Notzung vu Gesondheetsdaten, grad ewéi iwwer de Schutz vun dëse sensibelen Informatiounen.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. Wéi plangt d’Regierung d’Dataspace4Health mat dem European Health Data Space ze verbannen? Wéi eng Virdeeler gesäit d’Regierung fir d’Lëtzebuerger Gesondheetsversuerger an d’Patienten duerch dës zwou Initiativen?
  2. Wéi gëtt d’Verbindung tëscht Obesitéit an Diabetes am Kader vum Dataspace4Health Projet berécksiichtegt? Gëtt et Pläng, fir d’Obesitéit als eegene Schwéierpunkt an dëse Projet z’integréieren?
  3. Wéi eng Aart vu Gesondheetsdaten, déi fir d’Fuerschung an d’Preventioun vu Krankheete wéi Obesitéit a Diabetes wichteg sinn, ginn am Moment zu Lëtzebuerg gesammelt a wéi ginn dës am Kader vum Dataspace4Health a vum EHDS genotzt?
  4. Wéi gëtt de Schutz vu sensibele Gesondheetsdaten am Kader vum Dataspace4Health garantéiert? Wéi gëtt séchergestallt, datt d’Patienterechter am Aklang mam EHDS respektéiert ginn, besonnesch wat d’Recht op Zougang an d’Kontroll vun eegenen Donnéeën ugeet?
  5. Wéi eng Moossnamen si virgesinn, fir d’Interoperabilitéit vun de Gesondheetsdaten tëscht de verschiddene Systemer zu Lëtzebuerg an am Kader vum EHDS ze garantéieren?
  6. Wéi plangt d’Regierung d’Fuerschung an d’Innovatioun am Beräich vun der Gesondheet duerch d’Notzung vun dësen neie Méiglechkeeten ze ënnerstëtzen, besonnesch a Beräicher wéi Obesitéit a Diabetes?
  7. Wéi eng Roll wäert d’Agence eSanté an d’Ëmsetzung vum Dataspace4Health a vum EHDS zu Lëtzebuerg spillen? Wéi gëtt hir Expertise an dësem Beräich genotzt?

Zesummenhang posts

Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat
Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen
 Ee WORT-Artikel vum 23ten Dezember 2024 hat informéiert, dass op der Schnellstreck vum Tram tëschent der Stad an dem Belval elo dach ee weideren