Data-Leak beim ILR

Mir ass zougedroe ginn, dass et eng Fuite u perséinlechen Donnéeë beim ILR gouf, woubäi d’Donnéeë vu Clientë beim Stroum op enger ëffentlecher Plattform accessibel waren. Am Bréif réit den ILR zur Virsiicht, falls Clientë sollten Dokumenter vun hirem Stroumfournisseur kréien. D’Leit solle sécherstellen, dass et wierklech hire Fournisseur ass, deen si kontaktéieren. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Persounen si vun dëser Fuite betraff?

  2. Wéi eng Moossname goufe beim ILR ënnerholl, fir dass et an Zukunft net méi zu “erreurs de manipulation interne” ka kommen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1095

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt