Dasbach Angelika

Bonjour , mäin Numm ass Dasbach Angelika , di meescht Leit kenne mech ënnert dem Numm Angie ,

ech sinn 1969 zu Köln gebuer an hunn déi lëtzebuergesch Nationalitéit ,si bestuet an hunn zwee Kanner vun 18 a 14 Joer .

An menger Fräizäit schafen ech ganz gären am Bëtong a Keramik .

Mat mengen Deiere fannen ech den néidegen Ausgläich den ech vum Alldag brauch , ech beherbergen eng klengen Zoo 😊 a sinn aktiv am Déiereschutz .

Ech si selbststänneg Coiffeuse an hunn zënter 1994 mäin Coiffeurssalon zu Wooltz , am schéinen Norde vun eisem Land .

Politesch engagéiert sinn ech zënter 2017 , leider sinn och ech der Meenung dat an eisem schéine Ländchen esou munches schif leeft , genau aus dem Grond sinn ech an d Politik gaangen , well ….

 Nëmme meckeren hëlleft näischt , et muss een aktiv ginn , vir eng Ännerung ze erwierken !

Ganz schlëmm um Mo leie mir des Punkte wou ech mer erhoffen eppes kennen ze erreechen:

* Déiereschutz

* Familljepolitik

* Mënschen an Nout

Et leit an ärer Hand eppes ze änneren an ech zielen op iech vir des Ännerung erbäi ze kréien .

Léiw Gréiss aus dem schéinen Norden

Dasbach Angie

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt