Daridorexant (Handelsnumm Quviviq) stellt eng villverspriechend Alternativ zu konventionelle Schlofmëttelen duer, besonnesch fir Patienten, déi ënner chronescher Insomnie leiden oder eng laangfristeg Therapie brauchen. Seng spezifesch Wierkungsweis op d’Orexinsystem, déi manner grouss Stéierung vun der Schlofarchitektur an e reduzéierte Risiko fir Ofhängegkeet maachen et zu enger attraktiver Optioun an der moderner Schlofmedizin. Daridorexant wierkt als dualen Orexin-Rezeptor-Antagonist (DORA), andeems et selektiv d’Wach-Signaler am Gehier blockéiert, amplaz wéi vill aner Schlofmëttel als allgemengt Berouegungsmëttel ze wierken. Doduerch besteet kee Risiko fir Ofhängegkeet, wéi et bei Benzodiazepinen a Z-Substanzen (z. B. Zolpidem) de Fall ass. D’natierlech Schlofstruktur (Déifschlof, REM-Schlof) bleift gréisstendeels erhale, wat zu erhuelsamem Schlof féiert. Daridorexant gouf vun der Europäescher Arzneimëttel-Agence (EMA) am Abrëll 2022 fir déi ganz Europäesch Unioun zougelooss, ass awer nach ëmmer net zu Lëtzebuerg verfügbar.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
Wäert Daridorexant geschwënn och zu Lëtzebuerg verschriwwen dierfe ginn? Wa jo, wéini wäert dat de Fall sinn? Wa nee, firwat net?
Wat sinn d’Grënn dofir, dass dëst neit Medikament, dat bedeitend gesondheetlech Virdeeler am Verglach zu Benzodiazepinen a Z-Substanzen huet, bis elo nach net an de lëtzebuergesche Gesondheetssystem integréiert gouf?
Kann d’Ministesch e Medikament aus der Liste positive des médicaments nennen, dat fir eng onbegrenzten Dauer ka geholl ginn, ouni iergendee Ofhängegkeetsrisiko?
Wéi vill Prescriptioune gouf et vun 2020 bis 2025 fir Benzodiazepinen a Z-Substanzen? Kann de Ministère méi prezis Informatiounen zu de Patiente liwweren, déi dës Medikamenter an deem Zäitraum verschriwwe krut hunn?
Ginn et allgemeng Donnéeë wéi laang Benzodiazepinen a Z-Substanzen hier Ufankswierkung behalen an no wéi enger Zäitspann si beim reegelméissegen Anhuelen hir Wierkung verléieren, bzw, Dosis muss erhéicht ginn?
QP Nummer 2335