Cum-Ex Geschäfter zu Lëtzebuerg – Nofro

An senger Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°1905 vum 6. Februar 2025 huet de Finanzminister allgemeng Aussoen iwwert d’Behandlung vu méigleche Cum-Ex-Fäll gemaach. Allerdéngs feelen an dëser Äntwert wichteg Detailer a quantitativ Donnéeën, déi néideg sinn, fir d’Ausmooss vun dëse Praktiken zu Lëtzebuerg anzeuerdnen an d’Effizienz vun de staatleche Moossnamen ze bewäerten.
An der Äntwert gëtt erwäänt, dass d’Steierverwaltung “verschidde Verdachtsfäll” un d’Justizautoritéiten iwwermëttelt huet an dass bei Feststelle vu Verstéiss Ufroen op Réckerstattung vun der Quellesteier ofgeleent ginn. Fir d’parlamentaresch Kontroll ze garantéieren an en transparenten Abléck an d’Situatioun ze kréien, sinn awer méi präzis Informatiounen néideg. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Ufroen op Réckerstattung vun der Quellesteier am Kader vum sougenannte Schachtelprivileeg sinn an de leschte fënnef Joer zu Lëtzebuerg agereecht ginn, opgeschlësselt no Joer?

  2. Wéi vill vun dësen Ufroe sinn ofgeleent ginn a wéi vill Fäll sinn un d’Justizautoritéite weidergeleet ginn, opgeschlësselt no Joer?

  3. Wéi héich ass de Gesamtmontant vun den ofgeleente Réckerstattungen, opgeschlësselt no Joer?

  4. Wéi vill Personal ass bei der Steierverwaltung spezifesch agestallt, fir méiglech Cum-Ex-Transaktioune kontrolléieren?

  5. Wat fir konkret Prozeduren a Mechanismen huet d’Steierverwaltung ageriicht, fir Cum-Ex-Geschäfter präventiv ze erkennen a systematesch ze kontrolléieren?

  6. Wéi gesäit d’Zesummenaarbecht mat auslänneschen Autoritéiten an dësem Beräich quantitativ aus? Wéi vill Informatiounsufroe vun auslänneschen Autoritéiten huet Lëtzebuerg pro Joer kritt a beäntwert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2069

Zesummenhang posts

D’Situatioun um Wunnengsmaart huet sech an deene leschte Joren immens geännert. Zënter der Invasioun vun der Ukrain, der uschléissender Inflatioun an der Erhéijung vun
Wärend der Covid-19-Pandemie huet een erausfonnt, dass ee vill Zäit a Ressourcë ka spueren, andeems ee Reuniounen iwwert Videokonferenz ofhält. Esou goufe wärend der
An der Press gouf bericht, datt den US-amerikaneschen Entreprise SpaceX en Accord mat der indescher Firma vum Milliardär Mukesh Ambani ënnerschriwwen huet, fir de