Verbuet vu Crypto-Derivathandel an Holland

Hollännesch Cryptotrading-Plattforme mellen, dass d’Traden mat Derivater verbuede gëtt. De Grond dofir ass d’Implementéierung vun der EU-Antigeldwäsch-Direktiv (AMLD5). Vill Crypto-Investisseure ginn elo kreativ a sichen Ëmweeër iwwert d’Legislatioune vun anere Länner, wéi zum Beispill déi Vereenegt Arabesch Emirater, Palau, etc. Zu Lëtzebuerg gouf d’EU-Direktiv mam Gesetz vum 10te Juli 2020 ëmgesat. Zu Lëtzebuerg ass Crypto-Traden mat Derivater aktuell nach méiglech.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert och zu Lëtzebuerg de Crypto-Trading mat Derivater weiderhin erlaabt bleiwen?

  2. Am Koalitiounsaccord ass näischt zu Crypto-Wärungen an Handel ze fannen. Wéi eng Pläng huet d’Regierung diesbezüglech fir Lëtzebuerg?

  3. Huet d’Regierung Kenntnis, wéi vill Plattformen fir den Echange vu Cryptowährungen hir Servicer hei zu Lëtzebuerg ubidden?
    Falls jo, wéi eng Plattformen sinn dat? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 565

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen