Iwwerbréckungskreditter (crédits pont)

D’Situatioun um Wunnengsmaart huet sech an deene leschte Joren immens geännert. Zënter der Invasioun vun der Ukrain, der uschléissender Inflatioun an der Erhéijung vun de Bankzënsen hunn sech d’Präisser um Wunnmarché ugepasst. Et gëtt manner verkaf a manner gebaut. 

Leider ass d’Situatioun fir Éischtkeefer oder Leit, déi plënnere wëllen, domadder nach ëmmer net besser ginn a vill Leit kënnen sech nach ëmmer keen eegent Heem leeschten.  Fir Éischtkeefter sinn déi héich Zënsen an d’Käschte vun de Bankeprêten nach ëmmer ee Problem. Fir Leit, déi plënnere wëllen, ass d’Situatioun erschwéiert, well vill Banken sech zënter 2022 weigeren, fir Iwwerbréckungskreditter (crédits ponts) ze maachen.
D’Zuele vun der lëtzebuergescher Zentralbank weisen insgesamt, dass 2024 esou wéineg Immo-Kreditter 2024 vergi goufen ewéi am Joer 2016.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi huet sech d’Unzuel vun Iwwerbréckungskreditter zënter 2018 entwéckelt?

  2. Wéi huet sech d’Unzuel vun Iwwerbréckungskreditter zënter 2018 entwéckelt, wou de Lëtzebuerger Staat Aktionär ass?

  3. Wéi eng Moosnahmen vun der Regierung ziilen dorobber of, dass erëm méi Iwwerbréckungskreditter am Immobilieberäich vun de Banken genehmegt ginn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2103

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene