Creos Cyberattack

An der Nuecht vum 22ten op den 23ten Juli war d’Creos Affer vun enger Cyberattack. De Grupp “Alphv” huet d’Attack fir sech revendiquéiert. An hirer Matdeelung loossen se wëssen, dass si sensibelt Material ewéi Kontrakt- a Passdate geklaut hätten an dës publizéiere wëllen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Si bei dëser Attack effektiv perséinlech Informatioune vun den Hacker geklaut ginn? Waren hei och Kontonummeren dobäi?

  2. Wa jo, ass dem Ministère bekannt, ob dës Date verëffentlecht goufen?

  3. Ass d’CNPD iwwert dës Cyberattack informéiert ginn? Wa nee firwat net?

  4. Sinn d’Clientë vu Creos iwwert dës Attack, respektiv iwwert d’Fuite vun hiren Date vu Creos informéiert ginn sou wéi den RGPD dat firgesait? Wa nee firwat net?

  5. Wéi ass dës Cyberattack zu stane komm a goufen dës Schwaachpunkte mëttlerweil besäitegt?

  6. Wéi eng Moossname ginn en place gesat, datt déi betraffe Cliente keng negativ Konsequenzen dovunner hunn (Identitéitsklau, onerlaabte Bankofbuchungen,…)?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6596

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen