Congé parental fir kommunal Mandatsdréier

A menger Fro n°185, hat ech den Inneminister den 11te Februar gefrot, ob d’Regierung de Wee wéilt goen, fir dass Gemengepolitiker:innen an Zukunft de Congé parental kéinten huelen. Den Inneminister hat geäntwert, dass en net direkt de Wee vun engem Congé parental fir Gemengepolitiker wéilt fueren, well: “D’Ausféierung vun engem Mandat ass e politescht Engagement an deemno net gläichzestelle mat enger klassescher Aarbechtssituatioun.” Et wéilt een de Wee fueren iwwert de Statut social vum Élu local. “An do wäerte mer an den nächste Méint och nach eng Kéier méi intensiv souwuel mam Syvicol wéi och mat den Acteuren um Terrain doriwwer schwätzen.” An engem WORT-Artikel vum 12te Juni 2025 schwätzt sech d’CSV-EU-Deputéiert Martine Kemp fir de Congé parental fir d’EU-Deputéierten aus: “Es ist nicht länger akzeptabel, dass man sich zwischen politischer Verantwortung und Familie oder Gesundheit entscheiden muss.” & “Ich begrüße diese Ankündigung, da im Europäischen Parlament endlich ein sozialer und familienfreundlicher Rechtsrahmen geschaffen wird.“ D’CSV-DP-Regierung huet an hirem Koalitiounsaccord méi Zäit fir d’Famill ugekënnegt a wëll de Congé parental weider promouvéieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert d’Regierung zu Lëtzebuerg eng Auszäit, am Stil vum Congé parental, fir kommunal Mandatsdréier aféieren?

  2. Wéi sinn déi intensiv Gespréicher mam SYVICOL ofgelaf a wat ass fir déi nächst Méint geplangt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2452

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt