Fir eng sécher CovidCheck-Applikatioun

Context: Séance publique du 18.11.2021

 

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • dass aktuell an Europa vill iwwer gefälschte Covid-Impfcertificate bericht gëtt an esou Certificaten och schonn zu Lëtzebuerg opgetaucht sinn;
  • dass ënnert anerem Däitschland, Frankräich an Italien scho Mesure geholl hunn, fir dass gefälschte Certificaten esou séier wéi méiglech net méi als valid Dokument vun de Kontroll-Applikatioune vun den eenzele Länner erkannt ginn;
  • dass d’Madamm Gesondheetsministesch an der Chamberssëtzung vum 16.11.2021 gesot huet, dass der Regierung bekannt ass, dass esou Certificaten zirkuléieren an entspriechend Dossieren och schonn un d’Justiz weidergeet goufen;
  • dass eng Rei gefälschte Certificaten, déi op de Soziale Reseauen an de vergaangen Deeg vill gedeelt gi sinn an dofir eng bestëmmte Bekanntheet eréischt hunn, a villen EU-Länner vun de jeeweileg Kontroll-Applikatiounen net méi akzeptéiert ginn, an awer trotzdeem nach weiderhi vun der CovidCheck-Applikatioun ugeholl ginn.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. d’CovidCheck-Applikatioun esou séier wéi méiglech ze aktualiséieren, fir ze verhënneren, dass déi aktuell bekannte gefälschte Certificate weiderhi vun der App als valid Dokumenter erkannt ginn;
  2. d’Applikatioun esou unzepassen, dass de Fingerprint vun engem Certificat zu all Moment a kierzester Zäit an der App kann hannerluecht ginn, esou dass d’Applikatioun beim scanne vun engem esou hannerluechte gefälschte Certificat direkt uweist, dass et sech em eng Fälschung handelt.

Dës Motioun gouf vun der Chamber an déi zoustänneg Kommissioun verwisen. Ier d’Thema konnt an der Kommissioun behandelt ginn, huet d’Regierung schonn een Update vun der App virgeholl.

Zesummenhang posts

Eis sinn e puer Temoignagen zougedroe gi wou Leit Problemer haten, fir d’Bréifwal fir d’Gemengewalen dëse Sonnden aus dem Ausland zréck op Lëtzebuerg ze