Covid Positiv Zaldoten op Auslandsmissiounen

Lëtzebuerger Arméi huet eng Villzuel vu Friddens- an Hëllefsmissiounen organiséiert. Och a Covid Zäiten, si Lëtzebuerger Zaldoten am Ausland stationéiert. De Risiko sech mat Covid op der Auslandsmissioun unzestiechen ass am Moment iwwerall op der Welt ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Zaldote sinn am Moment am Ausland stationéiert? Wéi vill vun hinnen si säit dem Ufank vun der Pandemie, positiv op Covid-19 getest ginn?

  2. Wéi eng Viirkéierungen hëlt d’Lëtzebuerger Arméi op der Platz fir hier Leit bescht méiglech ze schützen?

  3. Wëssend, dass bei Missioune vill Leit op enkstem Raum zesumme liewen, sinn déi sanitär Moossnamen de Standarden am jeeweilege Land ugepasst? Entspriechen déi sanitär Mesuren den Ufuerderungen, déi hei am Land gestallt ginn?

  4. Wat geschitt am Fall, wou een Zaldot schwéier Covid-Symptomer sollt kréien? Garantéiert de Staat dëse Persounen d’Rescht, fir zréck a Lëtzebuerg transportéiert ze ginn?

  5. Wéi een Impakt ka Covid ob déi nächst Rotatiounen hunn? Ewéi ginn dës an dëse Krisenzäiten organiséiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3505

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene