Covid-Invitatiounen

D’lescht Woch krut ech vun enger ganzer Réi Matbiergerinnen a Matbierger, déi schonn iwwert ee Schéma vaccinal complet verfüügen, matgedeelt, dass si Invitatioune fir eng éischt Impfung erhalen hunn. Et ass souguer virkomm, dass Persounen iwwert 75 Joer direkt 2 Bréiwer kruten, ee fir eng éischt an ee fir eng drëtt Impfung. Dëst kann natierlech fir Verwirrung a Veronsécherung suergen an dës Bréiwer waren natierlech och mat engem gewësse Käschtepunkt verbonnen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Ministesch erklären, firwat Biergerinnen a Bierger, déi iwwert ee Schéma vaccinal complet verfügen, eng weider Invitatioun fir eng éischt Impfung kruten? Wéi ass z’erklären, dass de Service un déi selwecht Persoune gläichzäiteg Invitatiounen eraus geschéckt huet fir eng éischt an eng drëtt Impfung? Mat wéi engen Donnéeë gouf hei geschafft a wisou hu se sech ënnerscheet?

  2. Huet d’Santé d’Méiglechkeet, Persounen, déi komplett geimpft sinn, an hirer Datebank ze filteren a wa jo, wien huet Accès zu dësen Donnéeën?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5112

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt