Covid-Infektioune bei trans- an intersex Persounen

Den International Center for Research on Women sammelt am Moment Daten zu de Covid-Infektioune bei Männer a Fraen op der ganzer Welt. Dësen Daten no, komme weltwäit op all 10 Doudesfäll bei Fraen, 13 Doudesfäll bei Männer. Op 10 weiblech Covid-Patienten, déi op der Intensivstatioun behandelt musse ginn, kommen 20 männlech Patienten. Iwwer Persounen, déi sech net mat de klassesche Geschlechter identifizéieren, ginn et keng Donnéeën um Site vum Research Center. Laut dësem, géingen dës Informatioune just an Deeler vun Indien gesammelt ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Erfaasst d’Santé och d’Unzuel un Trans-Persounen, intersexuelle Persounen an allgemeng Persounen, déi sech an enger binärer Kategoriséierung net erëm fannen, a sech mat Covid-19 infizéiert hunn? 

• Falls jo, wéi vill Persounen, opgeschlësselt no alle Kategorien, déi erfaasst goufen, hu sech mam Covid-19 infizéiert a wéi vill si mat oder um Virus gestuerwen?

• Falls nee, firwat net?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3810

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt