Covid-19-Vaccinen – Nofro

An der parlamentarescher Fro n°1262 hunn ech der Madamm Ministesch verschidde Froen zu de Covid-19-Vaccine gestallt dorënner och zum aktuelle Stock un Impfstoffer, déi Lëtzebuerg huet. Aus den Äntwerten op dës Froen erginn sech awer nei Froen.

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. An der Äntwert op d’Fro 3 ass den Impfstoff COMIRNATY JN.1 30 MICROGRAMS/DOSE DISPERSION FOR INJECTION- ADULTS opgelëscht. Heibäi handelt et sech ëm déi neisten Versioun vun deem Impfstoff.Sinn déi neiste Versiounen automatesch duerch den initiale Kontrakt virgesinn oder ass dat noverhandelt ginn oder sinn dat separat Kontrakter? 
  2. An der Äntwert op d’Fro 4 steet ze liesen: “Ab 2027 gëtt den Approvisionnement u Vaccinen géint Covid-19 am Aklang mat der nationaler Legislatioun iwwer ëffentlech Marchéen duerchgefouert.”Wann et ab 2027 soll per Marché Public goen, heescht dat datt et sech fir d’Joren 2024-2026 ëm Montanten handelt, déi u sech e Recours op e Marché Public verlaangt hätten? Wa jo, op Basis vu wéi engen Ausname gouf dovunner derogéiert? 
  3. Amplaz vun der Zerstéierung vu Vaccinen, déi previsibel oflafen, goufen et nach eemol Bestriewunge, Vaccinen un aner Länner ofzetrieden? Wann nee, firwat net? Wa jo, mat wéi enge Länner a wat waren d’Grënn, datt sech dëst net realiséiert huet?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene