Covid-19-Situatioun an der Belsch

Zënter e puer Woche geet d’Unzuel vun de Covid-19-Infektiounen uechtert Europa staark an d’Luucht. Bei eise belschen Nopere klammen d’Zued’Zuelelen vun Dag zu Dag an et sinn aktuell ronn 2500 Patiente wéinst dem Coronavirus hospitaliséiert. Besonnesch beonrouegend ass d’Situatioun zu Léck, wou schonn dovunner Rieds ass, dass d’Spideeler an nächster Zäit kéinten iwwerfëllt sinn. Verschidden Expären an der Belsch schwätzen dovunner, datt d’Situatioun an hire Spideeler deemnächst kéint ausser Kontroll geroden, wann d’Infektiounszuele weider klammen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert d’Regierung, änlech wéi wärend der éischter Well, eise belschen Noperen Hëllef ubidden a belsch Covid-19-Patienten an eise Spideeler ophuelen, falls d’Situatioun an der Belsch sech weider zouspëtze wäert?

  2. Huet d’Regierung der Belscher Regierung schonn hier Dispositioun an Hëllefsbereetschaft matgedeelt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3000

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt