Covid-19-Patienten op den Intensivstatiounen

Patienten, déi schwéier um Covid-19 erkranken, mussen deelweis intensivmedezinesch versuergt ginn. Fir d’Personal vun de Spideeler, déi bei dëse Patienten zäitopwänneg Behandlungen ënnert strengsten Hygiènesmesuren duerchfeieren, bedeit eng Hausse vu Covid-19-Patienten op der Intensivstatioun och oft eng Hausse vun den ze leeschtenden Aarbechtsstonnen. Ab enger gewësser Unzuel u Patienten op der Intensivstatioun ass et fir d’Spideeler dofir net méi méiglech, de Reegelbetrib wéi gewinnt ze assuréieren, well Personal vun anere Statioune muss agesat ginn, fir op den Intensivstatiounen ze hëllefen.

Wéi aus engem Tageblatt-Artikel vun haut ervirgeet, kënnt de Centre Hospitalier du Nord (CHdN) den Aussoe vun hirer Pressespriecherin Anja Di Bartolomeo no, aktuell schonn u senge Limitten, wat d’Prise en charge vu Covid-Patienten op der Intensivstatioun ugeet. Sollte weider Covid-Patiente missten opgeholl ginn, misst d’Spidol héchstwarscheinlech den Normalbetrib erofschrauwen. Zu esou enger Aschränkung vum Normalbetrib war et am Spidol schonn am vergaangene Joer komm, wéi d’Krisenzell vum CHdN decidéiert hat den allgemenge Betrib anzeschränken, fir d’Personal net ze iwwerlaaschten. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi ginn d’Covid-19-Patienten, déi intensivmedezinesch behandelt musse ginn, zu Lëtzebuerg op déi verschidde Spideeler verdeelt? Gëtt hei drop opgepasst, kee Spidol  ze iwwerlaaschten, esou laang an anere Spideeler nach Kapazitéite fräi sinn?

  2. Huet d’Ministesch e Kriseplang virleien, fir de Fall dass verschidde Spideeler missten den Normalbetrib aschränken an de kommende Wochen/Méint?
    Falls jo, wéini wäert dëse Plang den Acteuren um Terrain presentéiert ginn?

  3. D’Pressespriecherin vum CHdN huet vis-à-vis vum Tageblatt gesot, dass d’Spidol am vergaangene Joer de Reegelbetrieb zeréck geschrauft hätt, ouni dass et heivir eng Uweisung vun der Santé gi wier. Huet d’Santé zu deem Zäitpunkt d’Situatioun anescht ageschätzt ewéi d’Krisenzell vum Spidol an eng Reduzéierung vum Reegelbetrib nach net als néideg ëmfond oder iwwerléisst d’Santé esou Decisiounen de Spideeler ëmmer selwer?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5199

Zesummenhang posts

A ville Länner ginn neigebuere Kanner kuerz no hirer Gebuert am Kader vum Dépistage néonatal op verschidde selte Krankheet getest. Zil vum Screening ass
LU-CIX ass een nationalen Internet exchange Point zu Lëtzebuerg, deen als Service de Schutz vu kritesch Netzer an Hosts proposéiert. D’Asbl gëtt et säit
D’Verwaltungsgeriicht huet rezent jugéiert, dass de Staat engem Flüchtling, deen eleng geflücht war, op Basis vun eiser Gesetzeslag net kann eng Wunneng refuséieren (Arrêt