Covid-19 Impfunge fir de CGDIS

D’Rettungsdéngschter sinn en essentielle Bestanddeel vun eisem Gesondheetssystem. E sécheren Transport vu kranke Persounen an eng kompetent Prise en Charge vu Verletztenen direkt no engem Accident, si vu grousser Wichtegkeet. Dofir gesäit déi aktuell Impfstrategie och fir, dass d’Rettungsdéngschter prioritär géint de Covid-19 geimpft kënne ginn, fir esou operationell ze bleiwen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Persoune beim CGDIS goufe scho geimpft?

  2. Wéi vill Persoune vum CGDIS kruten eng Invitatioun fir eng Impfung geschéckt?
    Wéi vill Persounen hu vun der Offer profitéiert?

  3. Unhand vu wéi engen Date goufen d’Invitatioune fir de CGDIS eraus geschéckt?
    Kann et sinn, dass dës Date Lücken opweisen a Persoune vergiess goufen?

  4. Wéi vill Persoune vum CGDIS wäerten nach an de kommende Woche geimpft kënne ginn?

Verlaf an der Chamber

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen