Covid-19 Hëllefe fir de Baussekteur kommen am Oktober 2023

Am Dezember 2020 huet de Bausecteur mat der Regierung verhandelt fir Covid-19 Aiden ze kréien. D’Regierung wollt dës am Ufank net ausbezuelen, mee se de Betriber iwwert d’Steieren ze gutt komme loossen. Esou schéngt se sech ëmentscheet ze hunn, well d’Betriber am Secteur kruten elo ee Bréif deen se oprifft, “d’indemnité pour perte d’efficience” via de Site vun der Chambre de métiers unzefroen. D’Firmen hunn 222€ pro Mataarbechter ze gutt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi ass et dozou komm, dass eng Aide, iwwert déi am Dezember 2020 geschwat ginn ass, elo ausbezuelt gëtt?

  2. Kann een d’ “indémnité pour perte d’efficience” nach als Covid-19 Hëllef bezeechnen oder ass et eng Aide fir ee Secteur, deen elo wéinst den héijen Zënse Problemer huet?

  3. Gouf d’Zuel vun de Mataarbechter vun haut gekuckt oder vum Dezember 2020?

  4. Wéi vill Entreprisen aus dem Konstruktiounssecteur sinn tëscht dem Dezember 2020 an haut faillite gaangen an hunn elo näischt méi vun dëser Aide?

  5. Wéini soll dës “indemnité pour perte d’efficience” un all d’Betriber ausbezuelt sinn?

  6. Ginn et soss nach Aiden fir Entreprisen, déi wärend der Pandemie verhandelt gi sinn, déi awer nach net ëmgesat gi sinn? Wa jo, wéi eng? Ëm wéi eng Montanten handelt et sech heibäi?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8293

Well de Minister net op all eis Froe geäntwert huet, hu mir eng Nofro gestallt (n° 8387):

Zesummenhang posts

D’Regierung well méi bauen a méi séier bauen an huet dofir d’lescht Joer am Juni verschidde Moossnahmen ugekënnegt, dorënner den nouveau partenariat public-privé (PPP)
Iwwert 5.000 Persoune schaffe bei den CFL mam Zil, fir Lëtzebuerg um Rullen ze halen. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°949 hat
Op Social Media ass ee Post ze gesinn, op deem eng Awunnerin zu Luerenzweiler op d’Situatioun der Zuchbarrière an der Rue de l’Alzette opmierksam