Covid-19 an Altersheemer – Oktober 2022

D’Zuehle u Covid-19-Infektiounen sinn de Moment erëm am Gaange mat klammen. War d’Inzidenz de 5te September nach bei 117 op 100’000 Awunner, waren et beim leschte Rapport vum 25ten September schonn 201 op 100’000 Awunner. 16,3% vun de Neiinfizéierten an der leschter Septemberwoch waren dann iwwer 60 Joer al. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi ass d’Situatioun momentan an den Alters- a Fleegeheemer? Wéi vill Léit sinn am Moment positiv op Covid-19 getest ginn (opgelëscht jee no Alters- respektiv Fleegeheem) ?
  2. Wéi vill Prozent vun de Residente sinn dat an deene jeeweilege Strukturen?
  3. Ginn et Alters- a Fleegeheemer, an deene verschidde Servicer, wéi zum Beispill d’Restauranten, virleefeg zougemaach goufen an deene leschten 8 Wochen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6957

Zesummenhang posts

Deutsche Versioun weiter unten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit mat Iddie fir nei Gesetzer.
Deutsche Version weiter unten. De Walprogramm vun de Piraten Liicht Sprooch D’Pirate sinn eng politesch Partei. Eng politesch Partei ass eng Grupp vu Leit
De Piratendeputéierten Marc Goergen an de Südkandidat Yann Retter hunn haut d’Vertrieder vun der FGFC (Fédération Générale de la Fonction Communale) gesi fir mat