Corona-Tester fir 4,7 Milliounen Euro

De Lëtzebuerger Staat huet eng hallef Millioun Corona-Virus-Tester kaaft. Dat ganzt fir ronn 4,7 Milliounen Euro.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat huet d’Regierung sech grad fir dëse präzise Produit entscheet ? Wat waren d’Auswielkritären ? 

  2. Am Dezember 2019 gouf et, Informatiounen vun REPORTER.LU no, eng Réckruffaktioun vun enger ganzer Rei Tester vun der Entreprise, bei där d‘Regierung elo d‘Tester akeeft. Dat, wéinst méiglechen Gesondheetsrisiken. Och d’Resultater vun dësen Tester waren net zouverlässeg. Ass dëst der Regierung bekannt gewiescht an ka sécher ausgeschloss ginn, datt et weiderhin Problemer mat dësen Tester gëtt, souwuel wat d’Gesondheetsrisiken, wéi och d’Zouverlässegkeet ugeet ?

  3. Ass der Regierung bekannt, firwat et nach am Februar Remaniementer an der Direktioun vun der Firma goufen, vun där d’Tester kaaft gi sinn ? Hunn dës Ëmstänn fir d’Regierung ee Grond zur Skepsis duergestallt ? 

  4. Huet d’Entreprise, déi elo den Zouschlag vun der Regierung kritt huet, äres Wëssens no, well Tester un Laboratoiren verkaaft, ier hire Produit iwwerhaapt eng CE-Zertifizéierung hat ? Wa jo, wéi laang ass dëst ouni speziell Autorisatioun geschitt ? Wa net, kéint Dir Mir d‘Autorisatioun ënner anonymiséierter Form virleeën?

  5. Stëmmt et, datt d’Regierung Ausnamen betreffend dem Agreement vun verschiddenen Tester ausgestallt huet ? Wa jo, wéini ass dësen speziellen Agreement ausgestallt ginn ? Kéint Dir dësen Agreement ënner anonymiséierter Form virleeën ?

  6. De Laboratoire, deen elo landeswäit d’Tester soll duerchféieren, steet virun enormen logisteschen Erausfuerderungen. Huet den Laboratoire déi néideg Kapassitéiten an ass dat am Virfeld gepréift ginn ? Wéi ass dat genee kontrolléiert ginn ? 

  7. Ass d’Testmethod, déi aktuell vum ausgewielten Laboratoire genotzt gëtt («Pooling»), der Ministesch hirer Aschätzung no, präzis ? Kann ausgeschloss ginn, datt duerch des Testmethod verschidden positiv Patienten onentdeckt bleiwen ? Wa jo, firwat ?

  8. REPORTER.LU no, gëtt et nach eng aner lëtzebuergesch Entreprise déi zanter kuerzem eng asazbereeten Testmethod entwéckelt huet, déi och CE-zertifizéiert ass. Gouf dës Firma och kontaktéiert ? Wa net, firwat net ?

  9. 4,7 Milliounen Euro huet den Akaaf vun de Corona-Tester kascht. Ma domat ass et net gedoen. Wat kascht dat landeswäit Testen ? Ginn et dozou well Pronosticken ?

  10. Wat ass de geneeë Montant, deen den Laboratoire, deen d’Tester duerchféiert, vum Staat dofir ausbezuelt kritt ?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2127

Zesummenhang posts

D’Regierung well méi bauen a méi séier bauen an huet dofir d’lescht Joer am Juni verschidde Moossnahmen ugekënnegt, dorënner den nouveau partenariat public-privé (PPP)
Iwwert 5.000 Persoune schaffe bei den CFL mam Zil, fir Lëtzebuerg um Rullen ze halen. An der Äntwert op meng parlamentaresch Fro n°949 hat
Op Social Media ass ee Post ze gesinn, op deem eng Awunnerin zu Luerenzweiler op d’Situatioun der Zuchbarrière an der Rue de l’Alzette opmierksam