Copyright Reform: Linksteier & Upload Filtere wäerten de fräien Internet a Gefor bréngen

De Justizausschoss vum europäesche Parlament huet haut sech mat enger Majoritéit dofir ausgeschwat fir der Kommissioun hir Direktiv iwwert Copyright an den Digitalen „Single Market“ gutt ze heeschen. D‘Piraten Europadeputéiert Julia REDA an d‘Fraktioun vun „The Greens/EFA“ wou hat Member ass, hunn dogéint gestëmmt, well si de fräien Internet a Gefor gesinn.

D‘Proposen déi haut ugeholl goufe gesinn ënnert anerem d‘Aféierung vu

folgende Saache fir:

    – Eng Steier op d‘Deele vu Linken, déi Internetplattforme forcéiert eng Lizenz ze bezuele wann e Benotzer en Artikel deele wéilt deen och nëmmen den Titel géif beinhalten.

    – Automatesch Upload Filteren, déi all Fotoen, Videoen an Texter, déi e Benotzer eropluet mussen erausfiltere wou och nëmmen de Verdacht op Copyright-Verstéiss bestinn

D‘Julia Reda, MEP fir déi däitsch Piraten a Member vun der Fraktioun „The Greens/EFA“ kommentéiert:

    „Dës Mesurë maachen den Internet futti! Mënsche wäerte Problemer kréie fir zum Beispill d‘Aktualitéit online ze kommentéieren. Eis Fräiheete ginn hei um Altor vun den Interesse vu mächtege Lobbygruppe geaffert.“

    „Och wann d‘Direktiv néideg ass fir eise Copyright un d‘21. Joerhonnert unzepassen, gouf hei probéiert mam Hummer eng Schrauf anzedréien. D‘Linksteier wäert amplaz de Journalismus ze fërderen, de Journalismus behënnere virun allem méi kleng Editeure bestrofen déi vum Deele vun hire Contenue liewen.“

    „D‘Pläng fir automatesch Filtere sinn immens kuerzsiichteg. Se wäerte Parodien, Satiren a Memen onméiglech maachen. Dëst schiedegt eis europäesch Internet- a Kreativ-Industrie méi, wéi et hëlleft“

    

D‘Piratepartei Lëtzebuerg ënnerstëtzt d‘Julia an der Lutte fir e Vott vum ganze Parlament ze fuerderen, fir esou et méiglech ze maachen de fräien Internet wéi mir e kennen ze retten.

Den Andy Maar, Kandidat am Norde seet dozou:

        „De fräien Internet zu Gonschte vu grousse Firmen ze afferen an d‘Benotzer ze vergiessen ass inakzeptabel. Wien d‘Géigner vum fräien Internet sicht, ass hei fündeg ginn.“

Zesummenhang posts

Den 18ten Oktober invitéiert de Chef d‘État Major vun der Arméi op ee Concert mam Titel „Fënnef Joer Engagement fir d‘Arméi“. Dësen Owend, zu
Le parti Pirate a tenu le 29 septembre une conférence de presse sur le sujet “Un monde du travail équitable pour aujourd’hui et demain”.