COP29 zu Baku

Lëtzebuerg war déi lescht Joren ëmmer erëm op den UN-Klimakonferenzen (COP) dobäi. D’Konferenz dëst Joer wäert zu Baku stattfannen. D’Haaptthema vun dëser Konferenz wäert d’Thema vun den nohaltege Finanze ginn, wat een Thema ass, wat grad fir Lëtzebuerg, dat eng nohalteg Finanzplaz opbaue wëll, vun Interessi ass. Aserbaidjan huet am September 2023 mat enger Militäroffensiv sech Deeler vun der Nagorno-Karabakh-Regioun ugëeegent an domat ee Waffestëllstandsaccord vun 2020 verletzt. Et ginn méi wéi 600’000 Barrel Pëtrol pro Dag am Aserbaidjan produzéiert. Dofir gëtt de Choix vu Baku als Organisator vun enger COP vun Ëmweltorganisatiounen kritiséiert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wäert d’Regierung och dëst Joer erëm un der Weltklimakonferenz deelhuelen? Falls jo, wéi eng Ministere wäerten op Baku reesen?

  2. Huet d’Regierung wëlles, fir dëst Joer selwer ee Pavillon zu Baku z’organiséieren, eventuell zesumme mat engem EU-Nopeschland? 

  3. Wéi wäert Lëtzebuerg op der COP29 fir seng nohaltëg Finanzplaz werben? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 757

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt