Convocatioune vum Gemengerot

Am Gemengegesetz sinn an den Artikelen 12 an 13 d’Delaien a verschidde Modalitéite festgehalen, wéi de Gemengerot muss zesummekommen. D’Gemengeconseillere gi convoquéiert, mee iwwert d’Form, wéi dëst geschéie muss, ass d’Gesetz allerdéngs net präzis.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. A wéi enger Form kënnen d’Convocatioune vum Gemengerot gemaach ginn? Geet een einfache Mail un d’Adress vum Gemengeconseiller duer oder muss d’Invitatioun per ageschriwwene Bréif gemaach ginn? 

  2. Wéi gesäit et aus mat der Charge de la Preuve, am Fall wou ee Gemengeconseiller keng Convocatioun kritt?

  3. Am Artikel 13 steet: “Aucun objet étranger à l’ordre du jour ne peut être mis en discussion, sauf dans les cas d’urgence.”
    Mir ass bekannt, dass verschidde Schäfferéit Punkten ënnert der Form vun enger Question préalable oder änleche Forme bäisetze loossen. Geet dëst erlaabt, och wa keng Urgence besteet?

  4. Wéi mussen d’Bierger:innen iwwert de Changement vum Ordre du jour informéiert ginn? Muss de Changement virum Ufank vum Gemengerot op der Website verëffentlecht ginn?
    • Wéi laang am Viraus wann et keng Urgence ass?
    • Wéi laang am Viraus wann et eng Urgence ass?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 539

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt