ACCOUNT

Contrôle médical

De Contrôle médicale war an de leschten Deeg an de Medie vill negativer Kritik ausgesat. Mir kruten doropshi Messagen, dass vill Leit mat dem Contrôle médicale onzefridde sinn, sech ongerecht behandelt fillen oder souguer net eescht geholl fillen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Op déi lescht 5 Joer gekuckt, wéi vill Leit, déi vum Contrôle médicale als nees aarbechtsfäeg agestuuft an erëm schaffe geschéckt gi sinn, sinn entweder réckfälleg ginn oder hunn erëm missten operéiert ginn?

  2. Op déi lescht 5 Joer gekuckt, wéi vill Leit, déi wéinst psychesche Problemer krankgeschriwwe waren an erëm schaffe geschéckt goufen, si kuerz dorop réckfälleg ginn oder verscheet?

  3. Op déi lescht 5 Joer gekuckt, wéi vill Fäll goufen et wou de behandelnden Dokter fir säi Patient Recours géint d’Decisioun vum Contrôle médicale ageluecht huet?

  4. Op déi lescht 5 Joer gekuckt, wéi vill Mataarbechter si bei de Contrôle médicale convoquéiert ginn, well se méi laang wei ee Mount krank waren ?

  5. Wéi vill Reklamatiounen, op déi lescht 5 Joer gekuckt, goufen et vu Patiente ?

  6. Wéi vill Mol ass bei den Doktere vum Contrôle médicale wéinst Reklamatioune vu Patienten intervenéiert ginn, well den Dokter ausfalend oder frech gi wier?

  7. Wéi vill vun dëse Fäll goufe Sanktioune géint Doktere vum Contrôle médicale ausgeschwat?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7081

Zesummenhang posts

De 25te Februar 2022 ass dat neit Denkmalschutzgesetz a Kraaft getrueden. Nom Artikel 18 vum Gesetz kann all Interesséierten an all Organisatioun eng Demande
Haut kruten d’Deputéierten aus der Justizkommissioun een Entworf fir ee Gesetz zu Vorratsdatespäicherung virgeluecht. D’Piraten schwätze kloer vun engem Staubsauger a plaidéiere fir d’Ofschafung
Verschidden Haushalter hei am Land gi mat Fernwärme versuergt, fir hir Wunneng oder hiert Haus ze hëtzen. Och hei sinn d’Präisser a leschter Zäit