Contrôle médical beim CGDIS

An engem Noutfall ass et wichteg, dass d’Membere vum Rettungsdéngscht a beschter gesondheetlecher Verfassung sinn. Fir sécherzestellen, dass d’Membere vum CGDIS sech wärend den Asätz net selwer a Gefor bréngen, mussen si sech dofir gewësse medezinesche Kontrollen ënnerzéien. 

An deem Zesummenhang huet de Sven Clement der Ministesch dës Froe gestallt:

  • Wéi eng Analyse gi beim CGDIS gemaach, fir de gesondheetlechen Zoustand vum Corps ze ermëttelen?
  • Wéi eng Wäerter muss eng Persoun bei dësen Analysen erreechen, fir als vollstänneg asazfäeg ze gëllen?
    Wéi eng Wäerter kënnen zu engem Ecartement aus dem aktiven Déngscht féieren?
    Huet sech mat der Grënnung vum CGDIS eppes un dëse Wäerter fir d’Fräiwëlleger geännert par Rapport zu virdrun?
  • Ass et richteg, dass säit der Grënnung vum CGDIS méi Persounen der Kategorie vum “Pompier de support” zougeuerdent ginn, well ëmmer méi Persounen an de medezinesche Kontrollen Opfällegkeete weisen?
  • Persounen, déi de contrôle medical beim CGDIS net bestinn, däerfen oft z. B. net méi op Ambulanze fueren oder un Asätz mat Otemschutzmasken deelhuelen. Ass et richteg, dass sech fir verschidden Zentren doduerch rezent Problemer erginn, well net méi genuch Leit vollstänneg asazfäeg sinn? Falls jo: wat huet d’Regierung dësem Problem entgéint ze stellen? 
  • Gëtt de BMI bei der medezinescher Analyse vum CGDIS consideréiert? Ginn Zousätzlech Indexen, wéi z. B. d’Waist-to-Height-Ratio oder de BSI (Body Shape Index) consideréiert?
    Falls nee, wisou net?

Zesummenhang posts

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu. Zu Lëtzebuerg gëtt d’Kommunikatioun tëscht Bierger:innen a Verwaltungen duerch d’Gesetz vum 24te Februar 1984 sur le régime des
Bei den CFL kann d’Personal aus dem Cadre permanent ee Promotiounsexamen an hirer jeeweileger Carrière maachen. D’Leit, déi den Examen packen, kënnen esou an
Den Inneministère hat de Gemengen am Joer 2022 an der Circulaire n°4062 matgedeelt, dass si d’Bierger:innen bei Entscheedungen am Bréif mussen iwwert hir juristesch