Persounen, déi sech net géint de Covid-19 kënnen impfe loossen opgrond vun enger medezinescher Contre-indication, kënnen e Certificat ausgestallt kréien, deen dëst beleet. Mat dësem Certificat hunn si mat engem Schnelltest sur place Accés op Plazen, déi ënnert dem CovidCheck-Regime ofgehale ginn.
Net all Patient, deen eng Attestation médicale iwwert eng Contre-indication vu sengem Hausdokter un den Direkter vun der Santé schéckt, kritt awer och esou e Certificat ausgestallt. Fir ze verhënneren, dass Abuse gemaach ginn, baséiert d’Santé sech op eng limitéiert Lëscht mat Contre-indicatiounen, déi ugeholl ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi geet d’Santé vir a Fäll, wou en Dokter engem Patient eng Attestatioun ausgestallt huet, dass eng Contre-indication géif virleien, d’Direktioun vun der Santé dës Aschätzung awer net deelt?
Gëtt mat de betraffene Patiente geschwat, fir hinnen ze erklären, firwat hier Demande net ugeholl gouf?
Gëtt mam Dokter geschwat, fir ze ermëttelen, firwat hei d’Aschätzunge vun der Direktioun vun der Santé an dem Dokter ausernee ginn, fir gemeinsam eraus ze fannen, wat hei dat bescht fir de Patient ass? -
Baséiert d’Direktioun vun der Santé hier Entscheedung e Certificat auszestellen, eleng op déi vum Hausdokter ugefouert Krankheet/Symptomatik oder ginn och Certificate vu verschiddenen Dokteren d’office net méi ugeholl, well des Dokteren ze vill Attestatiounen ausgestallt haten an domat opgefall sinn?
-
Gëtt d’Lëscht mat de Contre-indicatioune vun der Santé reegelméisseg ugepasst?
Wéi eng Contre-indicatioune sinn aktuell op dëser Lëscht ze fannen?
Op Basis vu wéi enge Krittäre gëtt decidéiert, wat eng Contre-indicatioun ka sinn a wat net? -
Wa Persoune bis vun hirem Hausdokter, deem se vertrauen, ofgerode kritt hunn, sech ze impfen, ass et onwarscheinlech, dass dës Persounen sech nach impfe wäerte loossen, och wann d’Direktioun vun der Santé d’Ausstellung vun engem Certificat ofleent. Esou en Zenario ass fir déi Betraffe mat villen Onsécherheeten an zum Deel och mat engem Vertrauensverloscht vis-à-vis vun der Santé verbonnen.
Wat mëscht d’Regierung, fir esou Fäll mat divergéierenden Aschätzunge vun den Hausdokteren an der Direktioun vun der Santé ze vermeiden?
QP Nummer 5557