Contact tracing am Bus

An all Situatioun, an där sech eng gewëssen Unzuel u Léit an engem zouene Raum befannen, besteet een erhéichten Ustierchungsrisiko fir eng Infektioun mam Covid-19 Virus – esou och am ëffentlechen Transport. 

Doduerch, dass d’Bussen an d’Zich aus dem Land all Dag dausende vu Persounen vun A no B bréngen, kann et am Fall wou ee Contact tracing muss gemaach ginn, wichteg ginn, ze wëssen, mat wéi engem Bus oder Zuch Kanner an Erwuessen ënnerwee waren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gëtt et een uniformiséierten Froebou, deen vun der Santé agesat gëtt, fir Covid-positif-Léit Froen ze stellen am Kader vum Contact Tracing?
    Wann jo, wat fir Froen stinn op dësem Froebou?
    Wann net, wéi gëtt d’Qualitéit vum Tracing garantéiert? 

  2. Gi Persoune wärend dem Contact Tracing systematsch gefrot, mat wéi engem Bus oder wéi enger Zuchlinn si gefuer sinn?

  3. Vue ministerieller Säit aus gouf des Lescht oft widderholl, dass sech d’Leit an de Bussen net ustieche géifen. Wéi kann de Minister ausschléissen, dass ee sech am Bus ustécht? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2890

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen