Communiqué: Präisdeckel bei de Wärmenetzer

Verschidden Haushalter hei am Land gi mat Fernwärme versuergt, fir hir Wunneng oder hiert Haus ze hëtzen. Och hei sinn d’Präisser a leschter Zäit ferm an d’Luucht gaangen. D’Regierung hat awer vergiess, ee Präisdeckel op dës Form vun Energie ze setzen.

Den Energieminister hat dowéinst de Gesetzesprojet 8111 nogeluecht, mat deem d’Präisser vum Fernwärmenetz fir 2023 och solle gedeckelt ginn. Dëse Gesetzesprojet gouf allerdéngs nach net an der Chamber ugeholl, well en net gutt geschriwwe war, soudass d’Chamber huet missten asprangen, fir nach Ännerungen um Gesetz auszeschaffen, fir eng propper Léisung ze hunn.

Stand Januar existéiert also nach kee Präisdeckel. An der Tëschenzäit mellen sech awer ëmmer méi Leit, well se déi éischt Rechnunge vun hire Energie-Fournisseure kréien. Mee ouni Deckel kommen hei Präisser vun e puer honnert Euro zesummen, wat fir vill Haushalter finanziell Problemer mat sech bréngt. D’Leit wëssen, dass ee Gesetz um Wee ass, mee et ass nach net a Kraaft an d’Leit wëssen elo net, ob se d’Rechnunge bezuelen oder waarde sollen.
D’Piraten proposéieren, dass d’Leit, déi hei vergiess goufen, ee Moratoire de Paiement accordéiert kréien, bis d’Gesetz gestëmmt ass. Mir fuerdere vum Energieminister, fir mat de Fournisseuren ze schwätzen, fir hei schnell eng Léisung ze fannen, bis dass d’Gesetz gestëmmt ass.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene