Pressecommuniqué Petitiounen Marc Goergen

Gëschter hunn d’Majoritéitsparteien an der zoustänneger Chamberskommissioun fir manner Matbestëmmung fir d’Leit an eiser Gesellschaft gestëmmt ! 

E Mëttwoch goufen an engem Vott ënnert anerem follgend Dispositioun bei zukünftege Petitioune festgehalen: Eng Erhéijung vun den néidegen Ënnerschrëften déi néideg sinn, fir dass et zu engem ëffentlechen Debat kennt. Resuméierend kann ee soen, dass hei dofir gesuergt ginn ass, dass et manner Matbestëmmung gëtt.

Maache mir et méi schwéier, da schwätze manner Leit mat! Dëst ass fir mech an och meng Partei de komplett falsche Wee.

Vill Petitiounen déi an der Vergaangenheet fir wichteg Diskussiounen an der Chamber gesuergt hunn, wiere mat dësem neie Seuil guer net bis an d’Chamber komm. Et hätt een alle betraffene Leit iwwert dëse Wee also net nogelauschtert. D’Majoritéitsparteien haten de Courage net fir d’Dispositiounen ze vereinfachen, de Leit d’Dier opzemaache fir méi matzeschwätzen, a verstoppen sech léiwer hannert simpelen Erklärunge wéi enger Bevëlkerungsentwécklung.

Ech hunn iwwer Wochen an den Diskussioune vehement fir eng Vereinfachung plädéiert an dofir gëschter och mat Nee gestëmmt! Matbestëmmung ass e wichtegt Element an eiser Gesellschaft, et beräichert de politeschen Debat an hëlleft eis wichteg an informéiert Decisiounen ze huelen. Als Deputéiert si mir gewielte Vertrieder, déi net nëmme beim Duerfpatt op d’Leit lauschtere sollen, mee och beim offizielle politeschen Debat.

Ech si säit 7 Joer an dëser Kommissioun an hunn ëmmer fir méi Bedeelegung gestëmmt. Meng Partei huet wéi och vill aner Parteie schonns ëmmer fir méi Biergerbedeelegung gestanen. Den eenzegen Ënnerscheed ass, dass souwuel ech als och d’Piraten dat och esou wëllen duerchsetzen an der Praxis an et net nëmmen um Pobeier bei de Walen esou ass. 

Zesummenhang posts

Digital Plattforme wou een eng Wunnecht fir d’Vakanz loune kann, sinn an de leschte 5 Joer exponentiell gewuess. Besonnesch Plattforme wou privat Leit ouni
Elteren, déi hier Kanner an eng Crèche oder Maison Relais ginn, kréien eng finanziell Ënnerstëtzung vum Staat iwwert de Chèque-Service d’Accueil (CSA). Wien säi
An der Käler Gemengerotsitzung vum 12te Mäerz hat ee Vertrieder vum TICE erkläert, dass de Staat – also de Mobilitéitsministère – d’TICE-Buslinn 17, déi