Communiqué Afloss China

Geféierlechen Afloss vu China op Lëtzebuerg : D’Piraten warne viru wirtschaftlecher a politescher Ofhängegkeet.

D’Piratepartei Lëtzebuerg weist mat grousser Suerg op de wuessenden Afloss vu China op kritesch an essenziell Secteuren an eisem Land hin. Am Finanzsecteur ass nieft der BIL, déi zanter 2018 zu 90% am Besëtz vun dem chineesesche Grupp Legend Holdings ass, d’Unzuel vu chineesesche Banken an de leschten 10 Joer beispillsweis iwwerduerchschnëttlech gewuess . Dëst gëtt natierlech nach duerch rezent wirtschaftlech Missioune vu lëtzebuergesche Representanten verstäerkt.


Och an anere Secteuren ass eng gewëss Ofhängegkeet entstanen. Duerch déi bedeitend Bedeelegung vum chineesesche staatleche Grupp China Southern Power Grid un dem Grupp Encevo huet China als Land iwwert dëse Wee zanter 2018 indirekten Afloss op d’Stroumpräisser zu Lëtzebuerg. Dës Bedeelegung gouf deemools ënnert der Koalitioun aus DP, LSAP a Déi Gréng erméiglecht, mam
deemolege Wirtschaftsminister Étienne Schneider (LSAP). Den Afloss am Energieberäich gëtt och elo nach wieder verstäerkt, strategesch Betriber ginn u chineesesch Acteure verkaf. D’Firma Circuit Foil zu
Wooltz gëtt deementspriechend fir 175 Milliounen Euro un DeFu Technology verkaaft – eng chineesesch Entreprise deenen hir Produiten ënnert anerem a Lithiumbatterië verbaut ginn.


An de Medien ass bericht ginn dass d’Firma ënnert anerem och wéinst den Energiepräisser a finanziell Schwieregkeete geroden ass. De Kaf vun dëser Firma ass fir de chineesesche Grupp eng immens
Chance fir sech strategesch um Marché vun der kënschtlecher Intelligenz ze etabléieren, e Marché wou Lëtzebuerg als Land och e Pionéier wëll sinn. An trotzdeem kucke mir no, wéi eng chineesesch
Entreprise eng Firma zu Lëtzebuerg opkeeft, déi aktuell an hirem Beräich eng Majoritéit vun dem internationale Marché produzéiert.


De Raymond Remakel, Koordinator vum Bezierk Norden bei de Piraten, gesäit hei eng verpasste Chance: „E potenzielle staatleche Kaf wär net nëmme fir den Norden mee fir ganz Lëtzebuerg eng Chance gewiescht, eis Industrie an engem schnell wuessende Marché nees als kompetitiven Acteur ze etabléieren”.

Et gi weider Beispiller an eiser Wirtschaft wéi d’Cargolux déi 35% vun hiren Aktien un de chineesesche Grupp HNCA verkaf huet. All dës Constaten deiten op eng Conclusioun hin, nämlech dass China als
wirtschaftlechen Acteur a villen Secteuren zu Lëtzebuerg en enormen Afloss ausübe kann. Heibäi dierf virun allem awer eppes net vergiess ginn, China ass eng autoritär Diktatur, déi systematesch Mënscherechter verletzt, ënner anerem géint d’Uiguren an d’demokratesch Bevëlkerung vun Hongkong. Och dat extrem aggressiivt Verhale vis-a-vis vun Taiwan fält an dësem Kontext op. Gläichzäiteg gesäit een och eng geopolitesch Proximitéit zu Russland, besonnesch am Kontext vum Krich an der Ukrain.
Lëtzebuerg sollt sech de Risike bewosst sinn, wann et dorëms geet wirtschaftlech Partnerschafte mat Entreprisen aus esou Regimmer anzegoen.


D’Piraten wëlle viru weiderem Afloss warnen a fuerderen deementspriechend :

  • Eng transparent parlamentaresch Kontroll bei Verkeef vun Undeeler vu Firme wou de Staat dru bedeelegt ass.
  • E Stopp fir zukünfteg Verkeef vun Undeeler vu Firmen (un deenen de Stat dru bedeelegt ass) u wirtschaftlech Acteuren oder Staaten déi d’Mënscherechter verletzen.
  • Virun all Verkaf eng europäesch Alternativ ze préiwen.
  • En Ofbau vun den Ofhängegkeete vis-à-vis vun net-europäesche Staaten an e strategesche Plang wéi een zesummen an Europa a kritesche Secteuren op innovativ Aart a Weis wuesse kann.
  • De staatlechen Opkaf vun den Undeeler un Encevo, déi dem chineesesche staatleche Grupp China Southern Power Grid gehéieren.
  • Eng Analyse op déi bestoend Transaktioun vu Circuit Foil nach ka gestoppt ginn, an d’Undeeler sief et op nationalem oder op europäeschem Plang kënnen opkaf ginn.

Lëtzebuerg däerf seng Souveränitéit net aus der Hand ginn. Et ass Zäit fir eng bewosst Politik, déi op laang Siicht d’Interesse vum Land schützt.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene