Commission spéciale de réexamen bei der ADEM – Nofro

An der Äntwert op d’Fro 5415 huet de Minister mir verschidden Zuelen zu den Delaie bei der Adem genannt. 6 bis 6,5 Méint muss eng Persoun, déi eng Recoursprozedur bei der Adem lancéiert, momentan waarden bis d’Kommissioun een Urteel hëlt. Esou heescht et an der Äntwert vum Minister:

“D’ADEM ass sech bewosst, dass d’Délais’en momentan laang sinn. Am Joer 2021 sinn Moossnahmen geholl ginn fir d’Délais’en ze kierzen, ënner aanerem ass d’Sekretariat vun der CSR personell opgestockt ginn. D’ADEM ass och am gaang ze kucken wou d’Baarbechtungsprozeduren weider kënne vereinfacht ginn an draiwt doniewt och d’Digitalisatioun vun der CSR virun, woubäi ee wësse muss, dass d‘Analyse vum Dossier sëlwer nët kann digitaliséiert ginn.”

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Déi realiséiert personell Opstockunge schengen laut Minister net duer ze goen, fir d’Prozeduren ze beschleunegen. Wäerten also weider Persoune fir d’Sekretariat an d’CSR recroutéiert ginn? Wa jo, wéini a wéi vill? 

  2. Wéini sollen d’Analysen iwwert méiglech Léisungen ofgeschloss ginn?

  3. De Moment, wou Persounen op eng Decisioun vun engem Recours waarden, gëtt d’Ausbezuele vum Chômage ausgesat. Am Fall wou dem Recours vum Demandeur zougestëmmt gëtt, ginn dës Méint nogeholl. Gesäit de Minister hei kee Risiko, dass Leit, déi op eng Decisioun waarden, an eng schwéier Prekaritéit falen, wann si méintelaang kee Recht op Chômage a REVIS méi hunn? Wat fir aner Méiglechkeeten hunn dës Persounen, fir dës Zäit z’iwwerbrécken?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5551

Zesummenhang posts

Duerch de Klimawandel wäerten d’Waasser an Europa, an och zu Lëtzebuerg, ëmmer méi knapp ginn. An enger rezenter Etüd mécht den European Parliamentary Research
Zu Lëtzebuerg reegelt ee groussherzoglecht Reglement vum 16te November 2018 baséierend um Déireschutzgesetz, wéi eng Déieren een als Hausdéier halen dierf. Op der Lëscht
D’Situatioun um Wunnengsmaart huet sech an deene leschte Joren immens geännert. Zënter der Invasioun vun der Ukrain, der uschléissender Inflatioun an der Erhéijung vun