Commemoratiounsdag

Den nationale Commemoratiounsdag erënnert un d’Nazi-Ënnerdréckung an hei zu Lëtzebuerg un de Kampf vum Lëtzebuerger Vollek wärend der Besetzung am zweete Weltkrich. D’Wichtegkeet vun dësem Dag, dem Patrimoine an der Erënnerung gëtt vun alle Parteien an innerhalb vun der Gesellschaft oft widderholl an accentuéiert, och esouguer vun der extrem rietser Front déi wärend dem Krich nach eng aner Positioun ageholl huet. Zousätzlech weisen déi rezent Walen am noen Ausland an den domat zesummenhängende Rietsdrock an der Gesellschaft, wéi wichteg et ass hei net nozeloossen.

Opbauend op der Wichtegkeet vun dësem Dag stelle mir eis als Partei e puer Froen. 

  • Ginn et Iwwerleeungen, wéi am noen Ausland (zum Beispill an der Belsch) an elo wou den 10.Oktober als Dag festgehale ginn ass, den Dag als offizielle Feierdag ze deklaréieren? Falls net, aus wéi enge Grënn ass dat net de Fall?

  • Ginn et säitens dem Ministère fir Educatioun aktuell Instruktioune wéi dës Erënnerungen an de Cours sollen agebaut ginn? Wéi stellt de Ministère d’Sensibiliséierung an eise Schoule sécher?  

Fro Nr. 1357

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt