Et ass erëm ee waarmen an dréchene Summer zu Lëtzebuerg. De Juli war ee vun deene sonnegsten zanterdeem d’Wieder gemooss gëtt. De Klimawandel ass keen Zukunftsszenario méi, mee eist Land ass elo mattendran. Déi aktuell Hëtzt a Wiederextremer treffe virun allem déi Schwächst an eiser Gesellschaft.
Virun allem d’Mënschen, déi op der Strooss liewen, si wärend den héijen Dagestemperaturen enger grousser Gefor ausgesat. Si hunn dobaussen net vill Méiglechkeeten sech virun der Hëtzt ze schützen an sech genuch ofzekillen an ze hydratéieren.
Grad an Zäite vum Klimawandel, wou mer ëmmer méi mat Wiederextreme wäerten ze kämpfen hunn, gëllt et di Schwächsten an eiser Gesellschaft viru sengen Auswierkungen ze schützen.
An anere Länner goufen dofir schonns Initiativë geholl, fir de Leit op der Strooss bei den Hëtztwellen ze hëllefen. Zu Berlin goufe speziell Noutënnerkënft ageriicht, déi daagsiwwer op sinn a wou d’Leit sech ophale kënnen, eng Dusch huele kënnen, Gedrénks bereet gestallt kréien an op engem Bett raschte kënnen. De Grondgedanken ass änlech wéi bei der Wanteraktioun: d’Leit gi virum extreme Wieder geschützt.
D’Piraten fuerderen dowéinst vehement, dass d’Wanteraktioun duerch eng “Summeraktioun” ergänzt gëtt. Scho virun zwou Wochen hate mer der Ministesch fir Integratioun (DP) eng dringend parlamentaresch Fro geschéckt. Dës gouf vum Chamberspresident (DP) awer net als dringend empfonnt. Deemno waarde mer haut nach op eng Äntwert. Den Temperaturen dobaussen ass dat awer häerzlech egal.
Et brauch elo eng schnell an onbürokratesch Moossnam. Loosst eis bei dëser Hëtzt schnell Solidaritéit weisen mat eise Matmënschen ouni Daach iwwert dem Kapp.