De Collège médical ass agefouert ginn, fir de Beruffsstand vun de Medezinner hei am Land ze vertrieden an dréit zum gudde Funktionéieren vun der Gesondheetspolitik hei am Land bei. De Collège huet och d’Missioun, fir en eventuellt Feelverhale vu Medezinner ze kontrolléieren an dofir ze suergen, dass jiddereen sech un d’ethesch an deontologesch Reegelen hält. De Collège huet d’Méiglechkeet, fir Enquêten zu engem Fall ze maachen a kann op Basis vum Gesetz vum 8te Juni 1999 Strofe géint Medezinner decidéieren, sollt tatsächlech ee Feelverhale vun engem Medezinner festgestallt ginn.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Plaintë sinn zënter 2019, opgelescht pro Joer, beim Collège médical agaangen?
-
Wéi vill Enquêten huet de Collège médical zënter 2019, opgelëscht pro Joer, realiséiert?
-
Wéi vill Mol goufen zënter 2019, opgelëscht pro Joer, Sanktioune vum Collège médical decidéiert?
-
Mir ass ee Fall zougedroe ginn, wou eng Plainte wärend méi wéi zwee Joer, nodeems se beim Collège médical agaange war, net beäntwert gouf.
1. Wéi laang dauert den Traitement vun enger Plainte am Duerchschnëtt?
2. Wat war déi längsten Dauer? -
Mir ass ee Fall bekannt, zu deem Collège médicale sech net positionnéiere wollt.
1. Ass de Collège médical verflicht, fir all d’Plainten ze traitéieren oder huet en d’fräi Wiel, wéi eng Affairen en enquêtéieren an tranchéiere wëll, a wéi eng net?
2. Wéi eng Fäll kann de Collège médical refuséieren, fir ze tranchéieren?
3. Dierf de Collège médical ee Fall enquêtéieren an tranchéieren, dee virun enger anerer Geriichtsinstanz behandelt gëtt?
QP Nummer 2007
Nofro
QP n°2163
D’Gesondheetsministesch huet mer Informatiounen zu der Aarbecht vum Collège médical geliwwert.
De Collège huet ënnert anerem d’Missioun, fir en eventuellt Feelverhale vu Medezinner ze kontrolléieren an dofir ze suergen, dass Dokteren sech un d’ethesch an deontologesch Reegelen halen.
De Collège huet d’Méiglechkeet, fir de Parquet oder d’Gesondheetsdirektioun zu Enquêten anzeleeden an ee Conseil de Discipline kann op Basis vum Gesetz vum 8te Juni 1999 Strofe géint Medezinner decidéieren, sollt ee Feelverhale vun engem Medezinner festgestallt ginn.
An deem Zesummenhang wëlle mir folgend Froe stellen:
- Wéi vill Enquêten huet de Collège médical zënter 2019, opgelëscht pro Joer, beim Parquet oder bei der Gesondheetsdirektioun ugefrot?
- Wéi oft huet de Conseil de discipline zënter 2019, opgelëscht pro Joer, Sanktiounen decidéiert?
- Den Artikel 19 vum Gesetz gesäit eng Verjärungsfrist fir Disziplinarmoossname vir, déi de Conseil de Discipline betrëfft. Dës Verjärungsfrist schéngt och dann ze gëllen, wa scho bei der Justiz eng Affaire an der Prozedur ass, wat an de Vergaangenheet zu Verjärunge gefouert huet, wéi ee Land-Artikel vum 17te Februar 2012 et beschreift.
- Wéi oft sinn zënter 1999 Dossiere vum Conseil de Discipline wéinst Verjärungen refuséiert ginn?
- Wäert d’Regierung Ännerungen um Gesetz virhuelen, fir dofir ze suergen, dass d’Verjärungsfrist entweder eropgesat gëtt, oder d’Verjärung am Fall vun enger lafender Geriichtsaffär zum selwechten Dossier net gëllt? Falls nee, firwat net?