Clauses abusives am Code de la consommation

Eisen Code de la consommation gesäit am Fall vun Clauses pénales abusives keng kloer legal Obligatioun vir. Esou si schonn Fäll viru Gericht tranchéiert ginn, wou d’Richteren Clauses abusives festgestallt hunn, d’Strof fir den Consommateur awer net annuléiert, mee nëmme reduzéiert hunn. Dëst ass laut Konsummenteschutz awer net am Sënn vum Arrêt vum 30. Mee 2013 vun der CJUE.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi huet den Konsumenteschutzministère op d’Analys vun der ULC reagéiert?

  2. Ass de Ministère och der Meenung, dass d’nationalt Gesetz zu den Clauses pénales abusives net konform ass zum EU-Recht, esou wéi ausgedreckt am Avis vun der CJUE?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7779

Zesummenhang posts

Fir eng rezent Etude vum European Monitoring Center for Drugs and Drug Addiction (EMCDDA) goufen Ofwaasseranalysen a Stied a ganz Europa an och ausserhalb
An der Äntwert op meng Fro n°387 huet d’Mobilitéitsministesch informéiert, dass d’CFL am Joer 2035 misste ronn 40% méi Leit astellen, fir d’Ziler vum
Bei engem Nato-Treffen den 3ten Abrëll gouf iwwert d’Schafung vun engem Fong fir d’Ukrain diskutéiert. An dësem Fong sollen 100 Milliarden iwwert déi nächst