Classes d’attache

An enger inklusiver Gesellschaft ass et mëttlerweil normal, datt Kanner mat enger Behënnerung a reguläre Schoulklassen ënneriicht ginn. Et ginn awer och Kanner mat enger Behënnerung oder chronesche oder längere Krankheeten, déi zwar regulär an enger Schoul ageschriwwe sinn, mee eng sougenannten “Classe d’attache” hunn an dat ganzt Schouljoer kee Cours besichen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Kanner waren d’Schouljoren 2018/2019 an 2019/2020 an enger Classe d’Attache ageschriwwen?

  2. Wéi vill Schüler, déi an enger Classe d’Attache ageschriwwe waren, weisen ee Präsenztaux vun 0%, manner wéi 25%, tëschent 25 a 50% a méi wéi 50% op?

  3. Am Fall vu Präsenzen vun ënnert 50%, erfëllt d’Aschreiwung an enger Classe d’attache de Krittäre vun der Schoulfliicht?

  4. Ginn dës Kanner an de Statistiken ëm d’Inklusioun matgezielt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2714

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen