Chrëschtdagskaddo beim CGDIS, mee net fir jiddereen

Mir ass zougedroe ginn, dass de CGDIS senge Mataarbechter fir d’Feierdeeg ee klenge Kaddo gemaach huet. Souwuel déi technesch Mataarbechter wéi och d’Beruffspompjeeën kruten esou ee Kaddo. Mee di fräiwëlleg Pompjeeë goufen hei scheinbar vergiess. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kruten di fräiwëlleg Pompjeeën ee Kaddo um Enn vum leschte Joer geschenkt?
    Falls jo, wat war dat?
    Falls nee, firwat net?

  2. Wéi vill Kaddoe goufen insgesamt beim dem CGDIS verdeelt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 235

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt