Mesure géint d’Hierstellung vun Child sexual abuse material

Context:Heure d’actualité – Proposition législative de l’UE visant à prévenir et à combattre les abus sexuels sur les enfants en ligne

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • Dass BEE SECURE schonn Traininge fir Grondschoulen (ab dem Cycle 2.2) a Lycéesklassen op fräiwëlleger Basis ubitt;
  • Dass BEE SECURE op hirer Website Informatiounen zu den Theme CSAM („Child sexual abuse material“), Grooming, Sextortion ubidden;
  • Dass 2020 4.022 Fäll vu CSAM bei BEE SECURE gemellt goufen an dovunner 2.410 als illegal agestuuft gi sinn an un d’Police weidergereecht goufen;
  • Dass Affer vu CSAM, Grooming oder Sextortion sech kënnen un d’Police wenden an och deelweis kënnen direkt iwwert den E-Kommissariat ee Fall signaliséieren;
  • Dass Persounen, déi pedophil Neigungen hunn an net wëllen zum Täter ginn, eng Ulafstell brauchen, wou si onkomplizéiert a séier un Hëllef kommen.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. fir all d’Schüler ab dem Cycle 4.1 een Training mat BEE SECURE vu mindestens zwou Schoulstonne pro Schouljoer obligatoresch ze maachen;
  2. d’Unitéit vun der Police judiciare, déi fir CSAM („Child sexual abuse material“) zoustänneg ass, personell opzestocken.
  3. eng Websäit an eng Hotline, wou Persoune mat pedophillen Neigungen Informatiounen an Hëllef ugebuede kréien, fir net zum Täter ze ginn, unzebidden a bekannt ze maachen.
Eis Motioun ass unanime an der Chamber ugeholl hinn.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene