Chèques repas

D’Zirkulär CSSF 22/812 huet d’Ausnamereegelunge fir limitéiert Netzwierker präziséiert an d’Bedéngunge fir d’Notifikatioun un d’CSSF festgeluecht. Am Kontext vun der Digitaliséierung vun de “chèques repas” duerch d’Règlement grand-ducal vum 25. September 2023 ergëtt sech eng wichteg Fro iwwert d’Surveillance vun dësen Aktivitéiten. Dëst ass besonnesch relevant well d’Gesellschaften, déi “chèques repas” ausgin, als “émetteur” definéiert sinn an hir Aktivitéit am Ausgi vun elektroneschem Geld besteet.
D’Ausgi vu Prepaid-Kaarte mat VISA oder Mastercard-Lizenz, déi mat engem monetäre Wäert opgeluede ginn, entsprécht der Definitioun vun elektroneschem Geld am Artikel 1, Punkt 29 vum Gesetz vum 10. November 2009. Mat engem Ëmsaz vu méi wéi 30 Milliounen Euro un ausstehende “chèques repas” fir d’Joer 2023 an engem duerchschnëttleche Montant vu bal 200 Euro pro Mount a pro Mataarbechter, iwwerschreiden si däitlech de Montant vun 1 Millioun Euro, deen eng Notifikatioun un d’CSSF erfuerdert. Dëst werft d’Fro op, ob dës Aktivitéit net ënnert d’Surveillance vun der CSSF als Etablissement de Monnaie Electronique sollt/misst falen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ënnerleien d’Gesellschaften, déi “chèques repas” ausginn, der Surveillance vun der CSSF a wann net, ënnert wéi enger Ausnam vum Gesetz vum 10. November 2009 falen si?

  2. Fale solch Gesellschaften ënnert d’Definitioun vum Kapitel 2 vum 2. Titel vum Gesetz als “établissements de monnaie électronique”? Falls jo, mussen si dann och een Agrement (Artikel 24-2 vum Gesetz) hunn? Falls nee, firwat net?

  3. Wéi vill vun dëse Gesellschafte sinn der CSSF gemäss Artikel 3-1 vum Gesetz vum 10. November 2009 gemellt a wéi eng Gesellschafte sinn dat?

  4. Wéi eng Kontrollmechanisme bestinn, fir sécherzestellen, datt d’Benotzer vun dësen elektronesche Bezuelungsmëttel geschützt sinn, besonnesch am Fall vu Faillitte vun de Gesellschaften, mee och an anere Fäll vun Onreegelméissegkeeten?

  5. Gedenkt d’Regierung dëse Secteur méi streng ze reguléieren, besonnesch am Hibléck op d’Gréisstenuerdnung vun den Zommen déi am Ëmlaf sinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1739

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene