Chèque-repas

Den 8ten Februar huet d’Organisatioun #Dontforgetus ee Pressecommuniqué erausginn, an deem si fir d’widderhuelte Kéier op den Ëmgang mat de Chèque-repas aginn. Laut Maître Rollinger am Reportage vum RTL zu de Chèque-repas vum 10ten Februar schätzen d’Firmen déi d’Chèque-repas verginn, de Schued un dem HORECA Secteur am zweestellege Milliouneberäich.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Hunn d’Ministere säit dem éischte Communiqué vun #Dontforgetus am am Februar 2021 Kontakt mat de Firme Sodexo an Edenred gesicht, fir sech bei hinnen iwwert hir Aschätzung zur Notzung vun de Chèque-repas z’informéieren? 

  2. D’Reegelen aus de Reglement vun 1986 si ganz restriktiv ausgeluecht, esou dierf ee mat de Chèque-repas laut Reglement nëmme wärend dem Aarbechtsdag Iesse kafen. D’Bezuele mat de Chèque-repasen de Weekend am Restaurant wier also bei ville Leit schonn ee Verstouss géint d’Gesetz. Wäert d’Ministesch de Reglement iwwerschaffen?

  3. Wäert d’Ministeren de Commercen d’Reegele vum Chèque-repas déi am Règlement grand-ducal vum 29ten Dezember 1986 eng weider Kéier kommunizéieren?

  4. Wäerten d’Ministeren sech mat der Organisatioun #Dontforgetus an der HORESCA Federatioun zesumme sëtzen, fir eng gemeinsam Léisung ze fannen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5744

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt