Chats um Handy, wien liest alles mat?

Wéi Recherchë vum WDR a vum BR erginn hunn, huet dat däitscht Bundeskriminalamt (BKA) scho säit enger Rei Joren d’Mëttel fir WhatsApp-Chatverleef matzeliesen, an dëst ganz ouni den Asaz vu Staatstrojaner.
D’Resultater vun der Recherche, zu deenen och en internt Dokument vum BKA soll gehéieren, wat um Site netzpolitik.org publizéiert gouf, loossen drop schléissen, dass eng Kommunikatioun iwwer WhatsApp méi einfach iwwerwaacht ka ginn, wéi dat an der breeder Bevëlkerung oft ugeholl gëtt.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn der Regierung dat genannten Dokument an d’Recherchë vum WDR a BR bekannt?

  2. Ass et enger staatlecher Entitéit aus Lëtzebuerg aktuell méiglech, Chatverleef vu Privatpersounen iwwer WhatsApp oder aner Applikatiounen ouni hiert Wëssen ze iwwerwaachen?
    Falls jo, ëm wéi eng Applikatiounen handelt et sech?

  3. Kann d’Regierung ausschléissen, dass eng staatlech Entitéit aus dem Ausland, oder Privatleit d’WhatsApp-Chatverleef vun Deputéierten a Regierungsmemberen iwwerwaache kéinten?
    Falls nee, firwat gräift d’Regierung trotzdeem op dëse Messengerdéngscht zeréck fir Kommunikatiounen, déi en rapport mat der Regierungsaarbecht stinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4283

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt