ACCOUNT

Formatioune vu Chargés de Cours – Beräicherung oder Benodeelegung?

D’Chargés de Cours aus dem Fondamental mussen um Ufank vun hirer Karriär, esouwéi och d’Quereinsteiger, Weiderbildungscoursen absolvéieren. Dës Weiderbildunge beusprochë vill Engagement an Zäit, well nieft der Präsens an de Coursen och nach schrëftlech Aarbechte musse preparéiert ginn. 

Wärend d’Formatioun fir d’Quereinsteiger 1 Joer dauert, mussen d’Chargéeën dogéint 2 Joer an d’Coursen, obwuel sech d’Aarbecht vu béide Beruffsgruppen um Terrain net inkremental vuneneen ënnerscheet. D’Qualifikatiounen, déi d’Chargéeë wärend 2 Joer erschaffe mussen, hunn nom Point de Vue vun der Karriär och kee wierkleche Méiwäert par Rapport zu deene vun de Quereinsteiger, well d’Chargéeën, trotz der gläicher Aarbecht an oft méi Beruffserfarung, eng méi niddreg Remuneratioun fir hier Aarbecht kréien, laang op ee CDI waarde mussen an net an de Genoss vum Fonctionnairesstatut kommen. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi ass et ze rechtfäerdegen, dass och d’Chargés de Cours déi schonn Erfahrung an hirem Beruff hunn, eng änlech Weiderbildung musse maachen, wéi d’Leit, déi als Quereinsteiger ufänken?
    Well d’Weiderbildung am Ufank vun der chargés Karriär méccht dach Sënn nee?

  2. Wéi eng Plus-Value hunn d’Chargéeë mat Ausbléck op hier weider Karriär am Enseignement, wann si dës Weiderbildung erfollegräich ofschléissen?

  3. Wéi mer des Weideren zougedroe gouf, variéiert d’Formatioun vu Schoul zu Schoul am Contenu souwéi an der Prozedur, jee nodeems, wéi eng weider Ufuerderungen d’Schouldirektioun un d’Chargéeë stellen. Kann de Minister confirméieren, respektiv ausschléissen, dass d’Contenuen an d’Prozedure vun der Formatioun fir d’Chargéeë vu Schoul zu Schoul verschidde sinn? Falls jo, a wéi engem Mooss ass dëst toleréiert?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5302

Zesummenhang posts

An der Äntwert op meng Fro n°4733 hat d’Familljeministesch mech informéiert, dass Stand August 2021, 271 Logementer an Alters- a Fleegeheemer keng eege Toilette
Zanter dëser Woch gi viru Geriicht d’Virwërf géint d’Gerante vun enger Crèche gepréift. Der Ugeklote gëtt premeditéiert Kierperverletzung géint Kanner a Salariéeë virgehäit.  An