Chaos am neie Fussballstadion

E Samschdeg, den 11ten Juni 2022, huet eis Fussball-Nationalequipe vun den Hären an hirem Nationsleague Match géint d’Tierkei gespillt. Dobäi ass de Sport selwer leider deen Owend des Ëfteren an den Hannergrond geréckelt.  Fir d’Spectateuren aus verschiddenen neutrale Bléck stoung déi falsch Entrée um Ticket, soudass se sech misste bei den Auswäerts-Spectateuren ustellen, fir do am Endeffekt dann awer net era gelooss ze ginn. Wärend an nom Match konnten dann och vill Leit ongestéiert op den Terrain lafen, ouni vun der iwwerfuerderer Securitéit gestéiert ze ginn, an et waren Auswäerts-Spectateuren am Heemblock.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass de Minister der Meenung, dass d’Sécherheetskonzept fir de Stade de Luxembourg den Uspréch gerecht gëtt? 

  2. Wéi eng konkret Mesurë wäerten an Zukunft geholl ginn, fir d’Sécherheet vun den Zuschauer a vun de Sportler am Stade de Luxembourg ze garantéieren? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6364

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt