CGDIS – Ausbezuehle vun de Primmen

A menge parlamentaresche Froen n°429, 971, 1859 an 2723 hat ech mech, op Basis vun Informatiounen, déi vu Fräiwëllege beim CGDIS u mech erugedroe goufen, iwwert feelend Ausbezuelunge vun den Indemnitéite bei der Ministesch informéiert.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Sinn alleguer d’Indemnitéite fir déi fräiwëlleg CGDIS-Membere fir d’Joer 2021 ausbezuelt ginn?

  2. Kann d’Ministesch den Tableau an der Äntwert op d’Fro n°2723 fir d’Joren 2020 an 2021 presentéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5443

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt