CGDIS – medezinesch Kontroll

An der Äntwert op d’Fro n°1505 hat d’Ministesch eis Informatiounen zum Contrôle médical beim CGDIS geliwwert. Der Äntwert vun der Ministesch no dierfte Persounen, déi d’medezinesch Kontroll beim CGDIS net bestinn, zum Beispill net méi op Ambulanze fueren oder un Asätz mat Otemschutzmasken deelhuelen. An der Äntwert op d’Fro n°4363 schreift d’Ministesch, dass de Règlement interne spezifesch bei de Krittäre vun Contrôle médical  iwwerschafft wäert ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass et richteg, dass sech fir verschidden Zentren Problemer erginn, well net méi genuch Persounen vollstänneg asazfäeg sinn? 

  2. Ass et richteg, dass Leit, trotz engem ze héije BMI, falls si den Ausdauertest packen, nach ëmmer Otemschutzdréier kënne ginn? Falls jo, wäert dëst an der Refonte vum Reglement interne adaptéiert ginn?

  3. Mussen d’Memberen beim CGDIS aktuell ee kompletten Impfzyklus gemaach hunn, fir hieren Déngscht kënnen unzetrieden? Ass geplangt, d’Aptitude beim Medico un d’Konditioun ze bannen, dass d’Membere vum CGDIS geimpft musse sinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5444

Zesummenhang posts

Universitéits- an Héichschouldiplomer, déi een am Ausland erhält, muss een zu Lëtzebuerg an de Registre des Titres androe loossen, wann een se hei am
An engem Interview mat RTL huet de Wunnengsbauminister wësse gedoen, dass de Staat wäert 2 Projeten an der Stad an am Süde vum Land
Kaderprogramm Péiteng 2023